Start
24/02/2024 20:00
End
24/02/2024 23:30
Address
Op der fabrik am Préizerdaul
Informatiounen
De BBC Rebound Préizerdaul invitéiert iech op säin 7. offizielle Quiz Owend op der Fabrik. Hues du Loscht mat Kollegen oder denger Famill dech mat aneren Ekippen ze moossen, da mell dech an deng Ekipp bis den 21. Februar un.
Sou wéi letzt Joer gëtt et d'Méiglegkeet eng Spaghetti (Bolognaise oder Napoletana) virdrun z´iessen. Um 19:00 virum Quiz kënnt dir déi - op Reservatioun bis den 21. Februar Owes -bei eis iessen.
Op Gewënner waarde flott Präisser. Fir d´Iessen a Gedrénks ass och den ganzen Owend beschtens gesuergt.
Umelle kenn dir iech bis den 21. Februar ënner:
E-Mail: bbcpreizerdaul@outlook.com
Tel: 621 487 447
Ekippe: 2-6 Leit
Startgeld: 5 Euro pro Persoun
Spaghetti: 12 Euro